NEI OP CD

d'Schnéiwittchen

PRÄIS: 15€

 

Schnéiwittchen Geschicht pdf

 

Den Gromperekinnek

Eng flott Geschicht vum Henri Losch

PRÄIS: 15€

         

 

D'Hex Zauselkätti En neit Mäerchen op lëtzebuergesch vum Josy Christen. E flotte Collage vun deene bekannte Grimm-Figuren, wéi de Rumpelstilzchen, d'Schneewittchen a seng siwen Zwergen, de Raiber, d'Rabonzel, d'Dornréischen, asw. De kompletten Text vun der Geschicht ass am "Word" Format op der CD.

Musek vum Robi Arend an Heng Kleren Et spillen : Änder Hirtt, Al Ginter, Georges Kemp, Monique Mille, Susy Lentz, Marion Welter an nach vill aner.

PRÄIS: 15€  

 

                    

De Max an de Moritz, dem Wilhelm Busch seng Lausbouwegeschicht op lëtzebuergesch vum Josy Christen. Vun der Tatta hiren Hénger, dem Schoulmeeschter senger Päiff bis bei dem Schneider seng Bréck iwwert d'Baach an dem Bauer seng Mielsäck asw. De kompletten Text vun der Geschicht ass am "Word" Format op der CD.

Musek vum Robi Arend an Heng Kleren. Et spillen: Maggie Molitor, de Zoltan Gaetti, de Georges Kemp, d'Emely Cao, d'Sophie Proost, d'Françoise Hetto, de Jules Arpetti, den Änder Hirtt, den Al Ginter, den Gilles Steichen an den Claude Weber.

PRÄIS: 15€

 

De Wëllefchen an de Fiischen vum Edmond de la Fontaine (Dicks) an der Originalfassung. D'Geschicht get héi äusserst spannend erziehlt an fesselt den Nolauschterer während der ganzer Geschicht. Kleng musikalesch Intermezzi an déi passend Geräischer gin der Geschicht eng ganz besonnesch Stëmmung. D'Maggie Molitor als Fisschen, den Zoltan Gaetti als Wëllefchen an den Georges Kemp als Erzieler.

PRÄIS: 15€

fir ze lauschteren